Ognuno recita il proprio ruolo, immerso in quella divina sensazione di devozione allo scopo comune: la realizzazione di un'opera d'arte, che anche la bonifica bellica sa idealizzare.

News

Ognuno recita il proprio ruolo, immerso in quella divina sensazione di devozione allo scopo comune: la realizzazione di un'opera d'arte, che anche la bonifica bellica sa idealizzare.

Ee Monument fir Lëtzebuerger Affer vu Krichsmunitioun

Categories: ultime

09/04/2024 Lussemburgo (Grand-Duché de Luxembourg; Groussherzogtum Lëtzebuerg; Großherzogtum Luxemburg), Diekirch, Clervaux, Parc Hosingen

Marc Hoscheid

De 4. Abrëll gëtt weltwäit un d’Affer vu Krichsminne geduecht. Och am Norde vum Land. Ma zu Housen sollen nach weider Aspekter vum Krich beliicht ginn. Queesch uechter d’Welt kommen all Dag Mënschen duerch Krichsminnen a Krichsmunitioun ëm d’Liewen. Zu Lëtzebuerg sinn esou Incidenten zum Gléck extrem seelen. Ma zanter dem Enn vum Éischte Weltkrich sinn hei am Land awer vill méi Leit duerch Krichsmaterial gestuerwe wéi ee mengt. Fir u si ze erënneren, gouf um 4. Abrëll zu Housen een nationaalt Denkmal ageweit. Dat direkt nieft dem Waassertuerm. D’Monument besteet aus Stol a weist eng Landkaart vu Lëtzebuerg. Gestalt gouf se vum Pol Asselborn und Remy Eiffes, déi béid aus der Regioun kommen. Um Fouss vum Konschtwierk gouf al Krichsmunitioun verschafft. Op der Landkaart sinn déi Plazen, op deene Leit duerch Krichsminne respektiv Krichsmunitioun ëm d’Liewe komm sinn, mat engem spezielle Symbol markéiert. All eenzel Plaz konnt awer net markéiert ginn, well se deels ganz no beienee leien. D’Zuel vun déidlechen Tëschefäll, déi et zanter dem Enn vum Éischte Weltkrich am Grand-Duché gouf, ass impressionant, wéi den Yves Rasqui, Hobbyhistoriker an déi dreiwend Kraaft hannert dem Projet, erkläert. Den éischten Accident ass zu Harel geschitt, am November 1918. Dat lescht, dat kenne mer jo nach alleguerten, dat war um Waldhaff 2019. An alleguerten déi Accidenter dotëscht, déi ech bis elo fonnt hunn, dat sinn 161 Stéck mat 226 Doudegen.”

Wichteg Roll vum Waassertuerm an der Ardennenoffensiv

Déi meescht vun deenen Accidenter sinn an der Zäit direkt nom Zweete Weltkrich geschitt. D’Affer goufen a verschidde Kategorien agedeelt, zum Beispill den Numm vun der Uertschaft, wou den Accident geschitt ass, déi genee Doudesursaach oder de Statut als Militär oder Zivilist. Nieft dem Monument steet eng Gedenktafel, op där och ee QR-Code ass, fir op d’Säit mat den Informatiounen iwwert d’Affer ze kommen. D’Denkmal soll Deel vum “Memorial Park Housen” ginn. Den Éischte Schäffe vun der Gemeng Parc Housen, Gilles Thilgen, iwwert de Projet. Déi éischt Phase ass eng permanent Ausstellung am Waassertuerm vun Housen. De Waassertuerm, deen och nach weiderhin ee bestoende Waassertuerm wäert bleiwen, dee vun der DEA bedriwwe gëtt. Mee wou mer ebe vun der ganzer Ausstellungsfläch, déi et am Waassertuerm gëtt, profitéieren, fir eben eng Ausstellung iwwert Housen an d’Regioun vun der Gemeng Parc Housen ze amenagéieren iwwert d’Ardennenoffensiv an och iwwert d’Nokrichszäit.” Et huet een de Waassertuerm ausgesicht, well dëse wärend der Ardennenoffensiv eng wichteg strategesch Roll gespillt huet. Vun uewen haten déi däitsch respektiv déi amerikanesch Zaldoten eng exzellent Vue op hir Géigner. Dowéinst gouf e vun den Däitschen zerstéiert. Dat aktuellt Gebai ass een Nobau aus dem Joer 1952. Well et sech ëm ee Waassertuerm handelt, deen nach genotzt gëtt, waren d’Ëmbauaarbechten bannendran net evident. Dem Houser Buergermeeschter Romain Wester no leien d’Käschte bei iwwert enger Millioun Euro. Hei hofft d’Gemeng nach op finanziell Ënnerstëtzung vum Kultur- an dem Tourismusministère. Opruff fir Fotoen zur Verfügung ze stellenAm Waassertuerm gëtt d’Geschicht vun der Schluecht ëm an déi schlussendlech Befreiung vun Housen erzielt. Ronn 400 amerikanesch Zaldote waren an der Uertschaft stationéiert an hunn déi däitsch Truppen ëmmer erëm ugegraff, sou datt déi bei hirem Virmarsch a Richtung Baaschtnech grouss Ëmweeër hu musse maachen. Bei der Ausstellung schafft ee mat grousse Panneauen, déi esouwuel déi intakt wéi och déi zerstéiert Uertschaft weisen. D’Geschicht gëtt  aus der Perspektiv vun dräi direkt Betraffenen, engem amerikanesche Zaldot, engem däitschen Zaldot an engem  Houser Bierger, erzielt. Am Kader vun der Ausstellung ass et den Opruff u Leit, déi fréier zu Housen gewunnt hunn, Fotoen zur Verfügung ze stellen, fir eng Zort Stammbam ze schafen. Et géing een hoffen, datt d’Ausstellung, déi just op Rendez-vous accessibel wäert sinn, nach um Enn vun dësem Joer hir Dieren opmaache kann, obwuel et schwiereg dierft ginn. An enger zweeter Phase soll eng sougenannten “Notbehausung”, déi d’Arbed nom Zweete Weltkrich fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp opgeriicht hat an déi zu Wuelessen steet, ofgebaut, restauréiert an nieft dem Houser Waassertuerm rëm opgeriicht ginn. Dat misst dem Yves Rasqui no zimmlech séier passéieren, well d’Barack an engem ganz schlechten Zoustand wier. D’Gebai gehéiert enger Privatpersoun, déi se der Gemeng schenke géing. Wéi d’Iddi virun e puer Joer eng éischte Kéier opkomm ass, hat et nach Onkloerheet doriwwer ginn, ob se net ënner Denkmalschutz gestallt misst ginn. Deemools hat ee bei Sites et monuments nämlech gemengt, et wier eng vun deene Baracken, déi nom Zweete Weltkrich vun der Schwäizer Nouthëllef, Don Suisse, zum Beispill zu Wolz oder Iechternach opgeriicht goufen. Dat huet sech awer als falsch erausgestallt. D’Gebai soll op zwou verschidden Arte genotzt ginn. Engersäits als Platz, wou Wanderausstellungen ënnerkomme kënnen. Den Dikrecher Militärmusée hätt och proposéiert, datt d’Wanderausstellung “Ons zerschloen Dierfer” zu Housen hir definitiv Plaz fanne kéint. Anerersäits soll een aneren Deel vum Gebai als touristesche Gîte insolite genotzt ginn.

Nobau vun enger Panzerspär geplangt

Ee weideren Objet, dee spéider Deel vum Memorial Park soll ginn, ass den Nobau vun enger Panzerspär. Een Deel vun esou enger Spär, déi lescht Iwwerreschter zu Lëtzebuerg, läit am Bësch bei Rouderssen. Wéi déi däitsch Arméi den 10. Mee 1940 a Lëtzebuerg amarschéiert ass, gouf d’Spär gesprengt an een Deel, ee Bëtongssockel deen op der Säit vun der Strooss leie bliwwe war, den Hang erofgedréckt. Am Fong wollt een de Block hiewen, mee dovunner krut ee vum zoustännege Ministère ofgeroden. Bis dee ganze Projet vum Memorial Parc Housen Realitéit wäert sinn, dierft et allerdéngs nach eng Partie Joren daueren.

Foto-Quelle: rtl.lu

le site du Mémorial

Par sécurité, la police conseille à la population de ne pas toucher ou déplacer ce genre de munitions. 

Die Polizei weist darauf hin, dass gefundene Munition niemals angefasst werden soll, auch bei dem blossen Verdacht dass es sich um Munition handeln könnte.

Biography of a Bomb

Dear editors, Biography of a bomb is aimed at highlighting the danger caused by unexploded bombs. Moreover, the most important aspect is that we work completely non profit, what drives us is raising awerness about this topic. We make use of your pictures and articles, but we need them to put a context in how findings are done. We trust in your understanding. We will (and we always do) cite the source and the author. We thank you for your comprehension.

CondividiShare on FacebookShare on Google+Tweet about this on TwitterShare on LinkedIn