19/07/2024 Lussemburgo (Grand-Duché de Luxembourg)
Dan Wiroth
De SEDAL, de Service de Deminage, ass eng Unitéit vun der Lëtzebuerger Arméi, där hir Missioun et ass, de Lëtzebuerger Territoire vun aler Munitioun aus dem éischten an zweete Weltkrich ze sanéieren. All Joer ass dëse Service, deen aus 14 Mann besteet, dovunner néng Demineuren, bei ronn 250 Interventiounen am Asaz. Si raumen an zerstéiere pro Joer tëschent 5 an 10 Tonnen aler Munitioun, déi hei am Land am Bleesdall kontrolléiert gesprengt gëtt, wann d’Sprengung manner wéi 3 Kilo Sprengstoff Charge huet. Bei Iwwer 3 Kilo Charge gëtt d’Munitioun kontrolléiert op engem Militärterrain an der Belsch gesprengt. Déi 5 bis 10 Tonnen Munitioun, déi all Joer fonnt ginn, sinn awer net nëmme grouss Fligerbommen. De SEDAL këmmert sech ëm all méiglech aner fréier Munitioun. Dat geet vun der einfacher Kugel, laanscht Handgranaten, bis zu de Mortieren oder anert Geschoss.
Bausse verrascht awer banne wéi nei
Bommen aus dem zweete Weltkrich, dat si richteg Zäitbommen. Am Joer 2022 goufen am Februar an am September zwou amerikanesch Fligerbommen op engem Chantier beim Pont Büchler ausgegruewen. Eng vun 1.000 Pond an eng vu 500. D’Chargë vun dësen zwou Bomme si bei 125 Kilo Sprengstoff, respektiv 63 Kilo. Dofir gouf deemools e groussraimege Perimeter ofgespaart. Den Zuchtrafic sou wéi de Fluchtrafic huet missen ënnerbrach ginn. Dat nervt d’Leit, mee ass absolut noutwenneg. Wann eng dovunner beim Sanéieren explodéiert wär, wären all Fënster an engem Ëmkrees vun 300 Meter zerbrach an et wäre Spläiter bis zu 800 Meter wäit geflunn.
Hutt Dir och nach Munitioun aus dem zweete Weltkrich bei Iech doheem?
Wann een nach esou Munitioun bei sech doheem trëllen huet, da soll een de SEDAL oder den 113 kontaktéieren.
Par sécurité, la police conseille à la population de ne pas toucher ou déplacer ce genre de munitions.
Die Polizei weist darauf hin, dass gefundene Munition niemals angefasst werden soll, auch bei dem blossen Verdacht dass es sich um Munition handeln könnte.
Dear editors, Biography of a bomb is aimed at highlighting the danger caused by unexploded bombs. Moreover, the most important aspect is that we work completely non profit, what drives us is raising awerness about this topic. We make use of your pictures and articles, but we need them to put a context in how findings are done. We trust in your understanding. We will (and we always do) cite the source and the author. We thank you for your comprehension.